Eierepromotioun: Lëntgen – Stengefort 3:1

August 30th, 2010 Permalink

Op dësem reenerechen Sonnden war ech zu Luerentzweiler, wou d’Minerva vu Lëntgen dës Saison hir Heemmatcher ausdréit, well op hirem Terrain zu Lëntgen geschafft gëtt. Géigner war de Sporting Stengefort, deen dëst Joer ee Wuert em den Opstieg well matschwetzen, iwwerdeems et fir Lëntgen haptsächlech drëm geet, fir d’Klass ze haalen. Um Enn sollt et [...]

Op dësem reenerechen Sonnden war ech zu Luerentzweiler, wou d’Minerva vu Lëntgen dës Saison hir Heemmatcher ausdréit, well op hirem Terrain zu Lëntgen geschafft gëtt. Géigner war de Sporting Stengefort, deen dëst Joer ee Wuert em den Opstieg well matschwetzen, iwwerdeems et fir Lëntgen haptsächlech drëm geet, fir d’Klass ze haalen.

Um Enn sollt et awer den Underdog sin, deen déi 3 Punkten konnt mat heem huelen: nodeems während 75 Minuten kee Goal sollt faalen, sin an der läschter Véirelstonn dun ganzer 4 Stéck gefall an um Enn konnt d’Minerva mat 3:1 géint de Favorit wannen. Hei eng Auswahl vu menge Fotoën:

De Patrick Robert (Lëntgen, 8) gratscht energisch géint de Mirnes Hajdarevic (Stengefort, 19)

Fallrückzieher am Strofraum vum Landry Mandefu (Stengefort, 6)

Den Tsongina Kudimbana (Stengefort, 20) am Zweekampf mam Sam Mores (Lëntgen, 11)

Mirza Krsic (Lëntgen, 10) géint Kleber Silva Cabral (Stengefort, 17)

Kampf em de Ball no engem Corner vu Stengefort

One Response to “Eierepromotioun: Lëntgen – Stengefort 3:1”

Leave a Reply