Browse
← Older: Cross Country an BGL Ligue
Um Cross Country Championnat am Bamboesch konnten sech bei den Häeren wéi erwart den David Karonei, an bei den Damen d’Jessica Schaaf duerchsetzen. Leider waren …
Newer: Basket: All Star Day 2K11 →
Eischten Fotoasatz fir 2011 an och deen éischten sait iwwert engem Mount war dës Kéier zu Bartreng am neien Centre Atert, wou d’FLBB op den …
Frankräich – Lëtzebuerg 2:0
Nozedroen bleift nach main perséinlechen “Highlight” vun dësem Joër, de Lännermatch Frankräich – Lëtzebuerg am Stade Saint-Symphorien zu Metz.
Trotz Streikmanifestatiounen an ugekënnegtem Verkéierschaos war ech gudd zur Zait do; wat dun nach gefehlt huet war de Badge fir op de Parking, sou dass ee klengt Stéck Wiss an der Staadt mat der Hëllef vun de lëtzebuerger Fotografekollegen kuerzerhand zur Parkméiglechkeet emfonktionnéiert gouf. Am Stadion selwer war et natirlech stresseg, well während dem Match hun missen d’Fotoë geschéckt gin, wat virun allem duerch de miserabelen Wifi net grad erliichtert gouf. Op allen Fall eng flott Erfahrung an eppes aanescht am Verglach zu engem Championnatsmatch bei eis am Land ;)
Um Enn konnt sëch d’Equipe de France ouni ze glänzen mat 2:0 duerchsetzen, woubai d’Lëtzebuerger de ganze Match iwwer alles gin hun an d’Fransousen virun eng haard Prouf gestallt hun.
Waren de ganze Match iwwer net ze iwwerhéieren: d'lëtzebuerger Supporter!
Vassiriki Diaby
Tackling vum Guy Blaise géint den Florent Malouda
Franséische Jubel: Karim Benzema freet sëch mat sengen Teamkollegen
Franséicht Fahnenmeer an een bedröpelten Jonathan Joubert nom 1:0
Yoann Gourcuff
Giel-Roud fir de René Peters no engem Foul um Yoann Gourcuff
Tom Laterza géint Gael Clichy
D'Ekipp bedankt sëch nom Match bei de matgereesten Lëtzebuerger