Läschten Dënsden stoungen sëch d’Nationalekippen aus Italien an Irland sëch an engem Frendschaftsmatch zu Léck am Stade de Sclessin géinteniwwer. Souzesoën direkt em den Eck ;)
Pünktlech zum Upëff huet et dann och ugefang wéi aus Eemeren ze schëdden. No 90 Minuten huet et schliesslëch och rem opgehaal… do dertëschent huet Irland fir eng kleng Sensatioun gesuergt an de fréiere Weltmeeschter 2:0 geklappt. Insgesamt awer een schmeichelhaft Resultat, well d’Iren soss keng gréisser Goalgeleegenheeten haaten an d’Italiener spilleresch iwwerleen waren. Et war awer och esou, dass op béiden Saiten eng ganz Rei Staren net dobai waren.
Hei dann eng Auswiel vu menge Fotoën – Kommentarer sin erwënscht!









