Browse
← Older: Standard de Liège – Germinal Beerschot 1:0 (1:0)
Am Kampf em eng Platz am Titel-Playoff huet de Standard missen géint Germinal Beerschot gewannen. Dem Tchité sain 1:0 no 10 Minuten sollt den eenzegen …
Newer: Spiel ohne Ball: Gréivemaacher – Käerjéng 0:0 →
Et war net grad ee vun deenen bessere Matcher, deen den CSG an d’UNK dëse Samsden gebueden hun. Dofir haut mol engkéier en puer aaner …
Lëtzebuerg – Frankräich 0:2 (0:1)
Wéi schon virun ronn 6 Méint zu Metz, verléiert eis Nationalekipp mat 0:2 géint Frankraich. Och dës Kéier huet dem Holtz seng Ekipp mat hirem Mëttelen gudd dergéint gehaal, leider as hinnen awer keen Goal gelong, an d’Serie vun 3 ongeschloënen Matcher hannerteneen am Josy Barthel as domat och zu Enn.
Wéi eigentlech ëmmer bei eisen Lännermatcher huet den WiFi rem alles anescht wéi gudd fonktionnéiert… an bei engem Match mat souvill méi Medieninteressi wéi bei engem normalen Lännermatch war et dun virum Match an virun der Paus bal onméiglech, fir well Fotoën un d’Redaktioun ze schécken, well och nach den 3G-Réseau permanent Aussetzer haat. Déi zweet Halschent goung et dun awer glécklecherweis besser sou dass d’Fotoën dann awer nach zur Zait do waren.
Den M-Block haat sëch mat engem Bannermarsch Richtung Stadion opgemach
Florent Malouda géint Tom Schnell
De Philippe Mexès freet sëch mam Adil Rami iwwert sain Goal zum 0:1
Den Philippe Mexès grätscht dem Aurélien Joachim fair de Ball vum Fouss
De Karim Benzema konnt dës Kéier net markéieren
Den Tom Laterza behaapt de Ball géint de Mexès
Patrice Evra an Charel Leweck
Hei huet den Yoann Gourcuff grad zum 0:2 getraff
Den Hugo Lloris an déi zwee Torschützen no Spillschluss