Lëtzebuerg – Slowakei 2:1 (0:0)

Eis Fussballnationalekipp gewënnt onerwart, mee net onverdëngt mat 2:1 géint Slowakei, déi emmerhin an der Achtelsfinal vun der läschter WM stoungen, an bis op de Martin Skrtel vum FC Liverpool hir beschte Spiller um Terrain stoën haaten.

Et war allerdings kee Match wéi een aaneren: am Oval vum Josy Barthel hung eng waiss Niewelwand, sou dass een just eng 30-40m wait gesin huet. Fir d’Fotografen an och d’Fernsehkameras war dat natirlech alles anescht wéi optimal, an och d’Zuschauer op den Tribünen konnten wuel vill Aktiounen nëmmen erahnen. Dass dun och nach eng Spaicherkaart mech am Stach geloos huet an puer flott Fotoën futsch waren, war no der Féierung fir d’Léiwen allerdings rem séier vergiess ;)

Hei eng kleng Auswahl vun mengen Fotoën, vill Spass!

Sou waren d'Siichtbedingungen: d'Nationalekipp bei der Hymne

Den Tomas Hubocan (15, Zenit St. Petersburg) kann de Charel Leweck nët um Schoss hënneren

Aurélien Joachim, Adam Nemec (FC Kaiserslautern)

Schoss vum Lars Gerson

Lars Gerson no sënger grousser Goalchance an der 1. Halschent

Konzentréiert: de Jong vum Nationaltrainer, Vladimir Weiss (Glasgow Rangers)

Den baal schon traditionellen Joubert-Feature ;)

Erik Jendrisek géint Massimo Martino

Erik Jendrisek (SC Freiburg) no enger net genotzter Chance

Wollt unbedingt lanscht den Tom Schnell: Frantisek Kubik (ADO Den Haag)

Ihr Kommentar

Ihre E-Mail wird niemals veröffentlicht oder verteilt. Benötigte Felder sind mit * markiert

*
*

Du kannst diese HTML Tags und Attribute verwenden: <a href="" title=""> <abbr title=""> <acronym title=""> <b> <blockquote cite=""> <cite> <code> <del datetime=""> <em> <i> <q cite=""> <strike> <strong>