Am Kampf em eng Platz am Titel-Playoff huet de Standard missen géint Germinal Beerschot gewannen. Dem Tchité sain 1:0 no 10 Minuten sollt den eenzegen Highlight bleiwen, well fir de Rescht konnt Léck wéineg iwwerzeegen, an och den GBA konnt dem Match net wierklech Impulser gin. Sou ziddert den Standard sëch also dach nach an den Titelgrupp, obwuel en wahrscheinlech kee Wuert em de Champion kann matschwetzen.
Och wann déi Belsch Liga op internationalem Plang net grad fiir bai steet, sou as um Daach vum Match awer alles top organiséiert an d’Konditiounen fir d’Press sin richteg gudd – dat as dann awer ee groussen Ennerscheed zu der BGL Ligue, an eng flott Erfahrung. En Freiden steet dann schon den nächsten internationalen Match un: Lëtzebuerg – Frankräich am Josy Barthel.
Hei dann awer elo mol puer Fotoën vun Léck – Beerschot:










